JB EVENTS
  • JB EVENTS
  • Gallery
  • Kontakt
  • JB EVENTS
  • Galerie
  • Contact

JB-Events | JB-PROTECT

Sound | Lights | Video | Stages | Pyro | Events

Eise Betrib

Äre Full-Service Partner am Beräich vu professioneller Medien- an Evenementstechnik.
​Wéinst eiser grousser Unzuel u villem an och ofwiesselungsräichem Material, si mir an der Laach eise Clienten déi passend Toun- a Beliichtungstechnik
ze verlounen. Duerch eist héichwäertegt a villfältegt Material am Beräich Video,
Rigging (Trussing), Toun- a Beliichtungstechnik, kënne mir Iech
ëmmer déi richteg Optiounen fir Äre Projet
proposéieren. Eis Zesummenaarbecht mat regionalen, wéi och internationalen, Partner,
erlaabt eis schnell a flexibel ze
reagéieren.

Wandel a Fortschrëtt ass eise Motto
.
Duerch eis laangjäreg Geschicht, déi vu wirtschaftlechen a sozialen Erausfuerderungen gepräägt ass, huet JB-Events hier eenzegaarteg
Kompetenz entwéckelt. Mir waren ëmmer staark genuch fir d’Struktur vun eiser Firma un déi vereenzelt Zäiten unzepassen. Intelligent Léisungen, Schnellegkeet beim Service an Zouverlässegkeet, si Valeuren déi mir an eiser Firma wäertschätzen an déi eis dobäi hëllefen déi spezifesch Wënsch
vun eise Clienten ze erfëllen. Eise Clienten hier Zieler, sinn eis Zieler! Eist Engagement vis-à-vis vun Iech ass selbstverständlech!
 Bei eisem Material ass eis wichteg, datt et innovativ ass. Sécher a qualitativ héichwäerteg Systemer an déi neisten Technik hëllefen eis
dobäi ob déi verschidde Wënsch vun eise Clienten kënnen anzegoen. Ausserdeem, steet fir eis Vertrauen un éischter Platz, well genau dat
​d’Basis vun eisem Erfolleg ass.

Eis Leeschtungen

All Evenement ass eenzegaarteg an dofir gi mir eis net mat Standartléisungen zefridden. Mir setzen Är Virstellungen an Iddien ëm, virausgesat se si sécherheetstechnech méiglech. Fir eng erfollegräich Ëmsetzung vun Ärem Projet, spille verschidde Facteuren eng wichteg Roll. Eis ass dowéinst wichteg datt Dir Iech zu 100% op eis kënnt verloossen.
​​
Fir datt mir dat garantéiere kënnen, begleede mir Iech vun Ufank bis zum Schluss bei Ärem Projet. An engem éischte Gespréich ginn d’Detailer festgeluecht, wou Dir eis sot ob Dir nëmme vereenzelt Material ausléinen oder kafe wëllt, oder ee komplette Projet mat eis zesummen erstelle wëllt. Dono hëllefe mir Iech de Projet an d’Event ze plangen. Mir stinn Iech och bei der Preparatioun vum Sall, beim Op- an Ofriichten a bei der Duerchféierung vun der Show mat eisem all-around Service zur Verfügung. 

• Toun & Beliichtungstechnik
• Videotechnik
• Bühnentechnik
• Rigging & Traversen
• Planning & Berodung
• Locatioun & Verkaf
• Op- & Ofbau
• Installatioun

Eventmanager a Kulturzentren

Ob fir Eventmanager, Kulturzentren oder Veräiner, mir hëllefe gären bei der Berodung iwwert d’Plangen bis hin zur technescher Ëmsetzung vun Ärem Projet. Mat eisem Full-Service brauch Dir Iech keng Gedanken méi iwwert Technik ze maachen, dat heescht mir plangen d’Event, huelen de Kontakt mat der Band oder mam DJ op, a suergen dofir, dass Band wéi och de Client alles huet wat e brauch.

Mir bidden Iech net nëmmen Toun- a Beliichtungstechnik un, mee och ee Gesamtackage u Bühnentechnik fir all Zorte vun Optrëtt, souwuel indoor ewéi outdoor. Bei Interessi oder Froen mellt Iech op info@jb-events.lu. Mir beroden Iech gären!


Locatioun a Verkaf

Mir verlounen professionellt Material am Beräich Beliichtung-, Toun-, Medien-, Kommunikatiouns-, Bühnen- a Pyrotechnik, ewéi och Eventdecor.
Bei eis fannt Dir dat passend Material fir Är Feier, Party, Hochzäit, Ausstellung, Presentatioun, Personalfeier, Corporate-Event, Theaterspektakel, Galaconcert, an indoor ewéi outdoor Concerten. 


Wat bidde mir un:
• Toun & Beliichtungstechnik
• AV Technik
• Bühnentechnik
• Rigging & Traversen
• Event Dekor
• Bühnen Pyrotechnik
• Podiumen / Molton

• Pyrotechnik / Freedefeier
• Eventnetzwierktechnik
• Sécherheetstechnik fir Events
• Special Effects
• Stroumagregater
• Stroumverdeeler
• A villes méi

Firmeclienten

De Spektrum vun Aufgaben déi mir fir eis Firmeclienten bis elo realiséiert, war immens villfälteg.
Iwwer all déi Joren, ware mir mat eisem Knowhow a mat eiser Technik, bei enger Panoplie vun Eventer am Asaz: Konferenzen, indoor an outdoor Presentatiounen, Virträg, Ausstellungsstänn, Aweiungen, Personalfeieren a bei villes méi. Mir schaffe mat all Zorten Firmen zesummen! Bei Froen mellt Iech ob info@jb-events.lu. Mir beroden Iech gären!

Privatclienten

Selbstverständlech hu mir d’Originne vun eiser Firma net vergiess!
Viru gutt 20 Joer hu mir mat Privatpartyen an -eventer ugefaangen. Dofir, ganz egal ob dir DJ-Material oder eng Spigelkugel fir eng Party, eng kleng Anlag fir ee Gebuertsdag oder villäicht eng kleng Bühn fir eng Hochzäitsband sicht, mir stinn Iech gären zur Verfügung! Och wann Dir Iech net esou gutt mat Technik auskennt, rufft eis un an erklärt eis no wat Dir sicht. Mir setzen da fir Iech dee perfekten Package zesummen! Bei Froen oder Interessi mellt Iech op info@jb-events.lu. Mir beroden Iech gären!

Pyrotechnik fir Bühnen oder Freedefeier

JB Events ass zu Lëtzebuerg den Exklusiv-Vertrieder vum Produit Embrasia.
Zesumme mat dësem starke Partner, dee mir voller Stolz vertrieden, kënne mir Iech dobäi hëllefen datt Ären Owend zu engem onvergiesslechen Event gëtt - sief dat fir ee grousst Freedefeier op Nationalfeierdag oder ee grousst Firme-Jubiläum. Mat engem professionellen an och villfältege Freedefeier,
​gitt Dir Ärer Soirée ee perfekten Touch! Eis ass immens wichteg een adequate Präis mat engem schéinen Erliefnis ze verbannen. Eis Prioritéit ass awer virun allem d’Sécherheet. Fir weider Informatiounen zu Freedefeier, Pyromusicals, Bühne-Freedefeier oder soss Specialeffekts, rufft eis un!
Mir  beroden Iech gären a passen eis un Äre Budget an un Är Virstellungen un.

NEI! JB-PROTECT

JB-Protect bidd Ierch Artiklen un fier Aer perséinlech Secherheet.
JB-Protect ass en Service deen JB-Events ubidd an der schwéierer Zait vum COVID19 fier Privat, Geschäftlech, Events an iwerall wou
Secherheetsmesuren gefrot sin fir sch ze schützen. Mir hun an eisem Shop Produiten wéi Desinfizéierstänner, -Spender, Masken, Spuckschutz,
​Ofsperr- an Abstandhalter etc. Dir kennt Aer demande machen iwwer info@jb-events.lu
ZUM SHOP
Kontakt
Proudly powered by Weebly
  • JB EVENTS
  • Gallery
  • Kontakt
  • JB EVENTS
  • Galerie
  • Contact